Accueil
De Foyer de jour Botterblumm läit um Briddel an der Gemeng Koplescht, a roueger Lag an no bei der Schoul. En ass konventionéiert mam Familljeministère an huet 45 Plazen zur Verfügung fir Kanner tëscht 3 Méint a 4 Joer, prioritär aus der Gemeng. De Foyer de jour gëtt et schonn zënter 1994 a gëtt geleet vun der ASBL « Freed um Liewen ». En ass op vu méindes bis freides vu 7 Auer bis 18 Auer 30, ausser tëschent Chrëschtdag a Neit Joer. All zousätzlech Informatioune fannt dir op de folgende Säiten oder kënnt dir iwwer Telefon am Foyer de jour nofroen.