Konzept
EIS STÄERKTEN AN ZILER
- Erléiere vun eiser Sprooch: Mir schwätze lëtzebuergesch souwuel an der Equipe wéi och mat de Kanner
- Méisproochegkeet: Eis Uspriechpartnerin « référente pédagogique responsable » beschäftegt sech an éischter Ligne domat de Kanner aner Sproochen nozebréngen, wéi z.B.: däitsch, franséisch, englesch asw.
- Inclusioun:als “inclusive” Crèche probéiere mir all Kand do ofzehuele wou et steet, mat anzebezéien a seng eege Bedürfnisser ze respektéieren
- Gläichgewiicht tëschent Fräispill a pedagogesch villsäiteg an altersgerechter Offer
- Fërderung bei der Entwécklung vun der Selbstännegkeet an der Entscheedungsfräiheet
- Informatioun a Kommunikatioun: oppen Aarbecht, déi transparent an dokumentéiert ass
- Eng motivéiert an multiprofessionnel Equipe
- Aschreiwunge kënne ganzdaags, hallefdaags oder mat
feste Moduler gemaach ginn
- Roueg Lag beim Bësch mat engem ëffentleche Parking