Projeten
"De Bësch" fir ons Kanner vun 3 bis 4 Joër
- Alldeeglech pedagogesch Bëschwanderungen vun 9 Auer bis 11 Auer 30
- Fërderung vun der ganzer Motorik, dem Gläichgewiicht an dem Orientéierungssënn
- Fërderung vun der Kreativiteit dobaussen an der Natur
- Entdecken vun der Natur a vum Liewensraum « Bësch »: Kenneleiren vu Planzen, Déiren dei am Bësch wunnen, an alles wat mat de Joreszäiten zesummenhängt
- Dëse Projet ass een integrale Bestanddeel vun onsem pedagogesche Konzept
Fotogalerie
"Bewegung an Turnen" mat onse Kanner vun 2 bis 4 Joer
- Dëse Projet gëtt vun enger Erzéierpersoun mat Diplom am Sportberäich begleet a gëtt a klenge Gruppen e puer Mol an der Woch an der Sportshal um Briddel ugebueden
- D’Basismouvementer vun de klenge Kanner gi gezielt opgebaut: lafen, sprangen, geheien, opfänken, rullen asw.
- Ziler fir all Kand sinn: säi Kierperbewosstsinn entwéckelen, d’Stäerke vun senger globaler Motorik an de Spaass u Beweegung vu Klengem un.
Fotogalerie