Néideg Informatiounen

Aschreiwungen

D’Aschreiwungen an onser Crèche kënnen d’ganzt Joer iwwer gemaach ginn. D’Elteren si gebieden am Virfeld e Rendez-vous (am Büro vun der Crèche) bei der  « Chargée de direction » ze huelen fir eng Visitt vum Haus ze organiséieren, wou si dann déi néideg Informatiounen a Formulairen kréien. All Demanden ginn am Ufank vum Joer traitéiert an d’Plazen fir dat kommend Schouljoer verdeelt. Virrecht hunn déi Kanner, déi an der Gemeng wunnen.

 

Intern Reegelung fir d’Elteren

ROI Parents - français

 

Administratioun vu Medikamenter

Am Fall wou d’Kand Medikamenter an der Crèche huele muss, mussen d’Elteren dës bäigefüügte Fiche « Délégation pour l’administration d’un médicament » ausgefëllt an ënnerschriwwen mam Medikament, dat mam Numm vum Kand versinn ass, ofginn. Zousätzlech muss och nach eng Kopie vun dëser Ordonnance bäigeluecht ginn.