Gruppen
”BÉBÉS” GRUPPEN
Eis Crèche verfüügt iwwer 2 Bébégruppen d’“Zwergen” an d’ “Kiewerlecken”, déi identesch funktionéieren. All Bébégrupp besteet aus 9 Kanner, déi tëschent 3 Méint an 2 Joer hunn.
Eis Avantage fir déi ganz Kleng:
- Waarmhäerzeg a roueg Ambiance
- Betreiung, déi op Sécherheet an Opmierksamkeet berout
- Strukturéierten Dagesoflaf, deen awer dem Rhythmus an de Bedürfnisser vun all Kand ugepasst gëtt
- Fërderung an Ënnerstëtzung a senger motorescher,
sensorescher, sproochlecher, kognitiver a sozialer Entwécklung - Positiv Perséinlechkeetsentfalung
- Eng gutt Relatioun mat den Elteren, déi op Vertraue baséiert
”JARDIN D’ENFANTS” GRUPPEN
Mir hu jeweils 2 «Jardin d’enfants» Gruppen, déi eng identesch Schaffweis hunn, jeweils iwwer 13,5 Plaze verfügen a Kanner vun 2 bis 4 Joer encadréieren. Déi 2 «Jardin d’enfants» Gruppen heesche «Wibbelmeis» a «Clownen».
- Gemittlechen a kannerfrëndlechen Openthaltsraum, deen de Bedürfnisser vum Kand ugepasst ass
- Gereegelten Dagesoflaf
- Intensiv Fërderung an der motorescher, sensorescher, sproochlecher, kognitiver a sozialer Entwécklung vum Kand
- Fräispill a pedagogesch Offer, déi den Themenande
Projeten ugepasst sinn - Ënnerstëtzung an de Beräicher vun der Selbstännegkeet,
de sproochleche Kompetenzen, der Erzéiung fir “propper” ze ginn, alles awer dem Rhythmus vum Kand ugepasst - Fräiheet ze handelen, e Choix ze treffen, sech ze beweegen a Saachen z’entdecken
- Oppen an transparent Kommunikatioun mat den Elteren